Datenschutz

Perséinlech Informatioun ass déijéineg Informatioun déi mat Iech kann a Verbindung bruecht ginn als Individuum. Sief et duerch ären Numm, Adress, Telefonsnummer, E-Mail Adress, IP Adress oder d´Sozialversécherungsnummer.

Informatiounen iwwert gewëssen Behuelensmuster ginn och als perséinlech Informatioun gehandelt, wéi zum Beispill all Zort vun digital Aktivitéit um Internet no enger spezifescher Recherche.

Verantwortung fir den Traitement vun Informatiounen

AssiStep AS (Reg. No.: 813 727 102) iwwerhëlt d´Verantwortung fir den Ëmgang mat perséinlechen Informatiounen. Den Traitement vu perséinlechen Daten ënnerleit momentan dem privaten Gesetz.

Sammlung an Ëmgang vun Daten

D´perséinlech Informatioun déi mir asammelen ass néideg fir eis Relation Clientèle ze verwalten, an awer och fir eis Vereenbarungen direkt oder indirekt kennen anzehalen fir Iech, dem Client. Och ass des Informatioun wesentlech fir den Ëmgang mat Garantien an all Zort vun Produkthaftung. D´Informatiounen ginn och genotzt fir op är Froen déi beschtméiglechst Äntwert kennen ze liwweren, fir eis Servicer an den Inhalt op eisem Internetsite ze verbesseren, a fir Iech zu all Ament iwwert eis Produiten an eis Servicer optimal kennen ze beroden. Si gëtt och verwennt, fir Invitatiounen zu Evenementer matzedeelen, fir är Meenung ofzefroen iwwert eis Produiten an Servicer, an och fir intern Zwecker. Den Ëmgang mat ären perséinlechen Daten ass vun ärem Accord ofhängeg, dee mir Iech per Demande zoukomme loossen, oder an deem Dir eis fräiwëlleg Informatiounen via eisem Site vermëttelt. D´Informatiounen kennen och fir eng “analyse du marché” genotzt ginn.

Perséinlech Daten fir déi uewegenannten Zwecker kennen och mat Firmen/Organisatiounen gedeelt ginn, mat deenen Assitech innerhalb an ausserhalb vun der EEA an der EU zesummeschafft. Am Fall wou Assitech verflicht ass Informatiounen mat den ëffentlechen Autoritéiten ze deelen, ginn d´Informatiounen en Accord mat den Ufuerderungen vun der Regierung weidergeleet.

Wou huelen mir d´Informatiounen hir

Mir sammelen perséinlech Informatiounen vun Iech als Client, vun den Lait déi Iech représentéieren, an vun den Vertrieder vun effentlechen Akten. Mir sammelen och Informatiounen vun Iech via all Genre vu Formulaire, deen är Kontaktdaten kéint enthalen. Dëst betrëfft Formulairen déi op eisem eegenen Site ze fannen sinn, wéi awer och op Siten vu “tiers partis” wou eis Servicer ugebueden ginn (zum Beispill: Social Media).

Späicheren a Läschen vun Daten

Späicheren a Läschen vun Informatiounen ginn en accord mam Gesetz fir perséinlech Donnéen gehandhabt. Informatiounen déi fir naicht weideres kennen gebraucht ginn outre hiren initialen Zweck, gi geläscht.

Är Rechter

Dir hutt d´Recht dorop, déi Informatiounen déi mir vun Iech besetzen, inklusiv eisen Ëmgang domadder, ze iwwerpréiwen. Op är Ufro kennen d´Informatiounen och geläscht ginn. Fir wieder Informatiounen wéi mir bei Assitech mat ären perséinlechen Daten ëmginn, iwwerpréiwt w.e.g. d´Informatiounen an der folgender Deklaratioun.

Dir hutt d´Recht dorop ze verlaangen, dat all falsch, onkomplett oder onnéideg Informatiounen iwwert är Persoun geläscht, korrigéiert oder ergänzt kenne ginn.

Ännerungen bei dëser Dateschutzreegelung

Déi néideg Ännerungen ginn stänneg duerchgefouert fir sech der aktuellsten Legislatioun konstant unzepassen.

Mir weisen dorop hin, Iech a regulären Ofstänn eis Dateschutzreegelung op eisem Site unzekucken.

Wéi sinn d´Informatiounen securiséiert

D´Informatiounen ginn an separaten Systemer mat strikten Zougangsrestriktiounen verschafft a gespäichert. Si ginn och just vun Läit verschafft, déi een offiziellen Zougang virweisen kennen.

Annulatioun

Dir kennt Iech dofir entscheeden, keng Marketinginformatiounen méi vun Assitech ze kréien

Kontakt

Falls Dir gären Zougang zu ären Informatiounen hätt, déi mir iwwert Iech besetzen, oder aner Froen hutt bezüglech der Dateschutzreegelung, dann kontaktéiert eis via:

Assitech AS
Org.nr: 813 727 102
Fossegrenda 30B
7038 Trondheim
NORWAY

+47 995 60 130
post@assistep.no