Wee kann eng Demande fir d´Käschteniwwernam bei der SMA eraschécken?
All Persoun, déi fleegebedierfteg ass, huet een Usproch op d´Iwwernam vun den Hëllefs- an Fleegeservicer, déi fir fleegebedierfteg Persounen zur Verfügung gestallt ginn, egal ob am eegenen Doheem oder an enger Hëllefs- a Fleegearichtung, dat heescht:
- Sachleeschtung
- Technescht Hëllefsmëttel an Upassung vum Wunnraum.
D´Fleegebedierftegkeet muss op mannst 6 Méint undaueren oder endgülteg sinn.